29-04-2021

Frohe Ostern

Léif Kanner,

bedéngt duerch den Corona Virus kënne mär leider keng Aktivitéiten organiséieren wou mär äis och kenne gesinn.

Mär hoffen dass et där an denger Famill gutt geet.

Elo geschwënn ass Ouschteren an mär hunn äis geduecht et wär flott eppes vun där ze héieren. Dëst kanns du maachen andeems du äis eng schéin Foto vun dengen selwer gebastelten oder gemoolten Saachen fir Ouschteren géifs mailen oder schécken. Du kanns äis och gären eng schéin Geschicht zoukommen loossen. Hei d’Adress wou’s du dëst kanns schécken bis den 15ten Abrëll 2021.

Schreif äis och dobäi ob’s du wëlls dass deng Foto vun dengem Gebastels/Gemools op Facebook däerf gesat ginn oder nit.

Di 3 éischt kréien en kléngen Kaddo an all di aner en kléngen Trouschtpräis.

Mär freeën äis iwwert alles. Hoffentlech bis geschwënn eemol.

Mat ganz villen léiwen Gréiss

De Kommitee vun den Häerzkranken Kanner

Frohe Ostern - News
Frohe Ostern - News